RTL

Wand ass Loft déi sech beweegt, an d’Loft beweegt soubal tëschen 2 Platzen e Loftdrockënnerscheed besteet. D’Loft beweegt sech ëmmer aus der Richtung vun engem Héichdrockgebitt zu engem Déifdrockgebitt hin. Dat kennt der jo z.B vum Loftballon. Am Loftballon ass méi en héijen Drock an dofir stréimt d’Loft matt héijer Vitesse aus dem Ballon eraus, dohinner wou manner Loftdrock ass.

OK logesch awer wéi entstinn dann des Héischdrock- an Déifdrockgebidder op eiser Äerd iwwerhaapt?

Majo déi kommen duerch d’Sonn. Wann d’Sonn op d’Äerd schéngt dann erhëtzt sech d’Land méi schnell wéi d’Waasser, doduerch gëtt och d’Loft um Land méi staark erhëtzt wéi um Waasser. D‘Loft déi um Land ass gëtt waarm, a well waarm Loft ass méi liicht ass wéi kaler steigt se an den Himmel. Déi Loft déi no uewe steigt hannerléisst eng Art „Loftlach“ an dat Lach nennt een dann Déifdrockgebitt. Um Mier par conter bleift d’Loft awer kal a steigt net op doduerch entsteet hei en Héichdrockgebitt.

Läschte Weekend hate mer jo lo extrem vill Wand. Wat ass dann do Extraes geschitt?

Eigentlech genau dat selwecht. Sou e Stuermwand wéi mer e läschte Weekend haten entsteet de Moment wou den Drockënnerscheed tëschent Héichdrockgebitt an Déifdrockgebitt immens héisch ass. Daat ass oft am Fréijoer de Fall wann d’Mier nach ganz kal ass, an déi éischt Sonnestralen d’Land staark erwiermen. Da bléist de Wand vum Mier op d’Land. A wann der iech gudd erënnert, war et e Samschde gudd waarm ier et e Sonnde gestiermt huet.

Den Zyklus vum Wand

RTL

Graphik: Bundesverband Windenergie eV

Am Dag steigt also d’Loft um Land no uewe well et hei méi waarm gëtt! An der Héicht wandert d’Loft an déi Gebidder of wou et méi kal ass, dh Richtung Mier, wou dann d’Loft sech erëm ofsetzt. Um Mier entsteet en Héichdrockgebitt wat dann déi dreiwend Kraaft fir e Wand Richtung Festland ass.

An der Nuecht ass d’Situatioun oft ëmgedréint. D’Mier gouf de ganzen Dag opgewiermt awer killt an der Nuecht nëmme bëssen of, während deem d’Land vill méi schnell ofkillt. Dee Moment entsteet en Héichdrockgebitt um Land, an de Wand bléist a Richtung Mier.

Fuerschung zu Lëtzebuerg a vu Lëtzebuerger am Ausland

Am Centre de Recherche Public Gabriel Lippmann (CRP-Lippmann) hei zu Lëtzebuerg fuerscht eng Équipe ronderëm de Dr. Laurent Pfinster (Hydroklimatolog) um Waasserzyklus. Dësen Zyklus gëtt och vum Wand deen duerch des Héich an Déifdrockgebidder entsteet um lafende gehalen.

Links zum Thema

http://www.lippmann.lu/index.php?id=417&L=2

Hudd dir eng Fro ? Da stellt se dem Mister Science op science@eldoradio.lu