Mä wisou reagéieren d‘Broschtwaarzen op Keelt?
Dës harmlos Alldagsfro ass en ongeléist Rätsel vun der Wëssenschaft. Déi plausibelt Theorie ass am Moment, dass de Phenomen duerch de selwechte Reflex ausgeléist gëtt, deen och d’Héngerhaut ausléist. Bei Keelt zeien sech kleng Muskelen un der Wuerzel vum Hoer zesummen a riichten et op. D’Wëssenschaftler mengen, dass gläichzäiteg och dat rengt Muskelnetz an der Broschtwaarz aktivéiert gëtt an se haart mëscht.
Ah firwat mécht de Kierper dat?
Dat ass dat rätselhaft… De Phenomen ass natierlech ganz wichteg wann e Puppelchen geniert gëtt. Bei der Fra ginn d‘Broschtwaarzen haart, wann e Puppelchen dono gräift oder un hinnen nuckelt, also ganz allgemeng, wann se beréiert ginn. Dobäi huet ee normalerweis en agreabelt Gefill, an dat kann och erëm Héngerhaut ausléisen. Musek, déi eis besonnesch beréiert kann och en agreabelt Gefill ausléisen. Béid Phenomener: also Gefiller a Keelt schéngen also matenee verbonnen ze sinn.
Gëtt et do eng Erklärung?
Wahrscheinlech ass dat éischter Zoufall. De Kierper notzt an deenen zwee Fäll déi selwecht Nerveleitungen. En huet do en bëssche gespuert. An an der Evolutioun hunn eis déi haart Nippelen bei Keelt offensichtlech net geschuet.