Gläich fänkt Grippesaison un. Wat geschitt eigentlech wa mir onse Kierper géint Gripp impfe loossen?
Mr Science, gläich fänkt d'Grippesaison erëm un, a wann een d'Grippe net well kréie, da soll, da kann ee sech dogéint impfe loosse. Mä wat geschitt do?
Einfach gesot, entwéckelt onse Kierper beim Impfe Waffe géint Krankheetserreeger also zum Beispill géint Bakterien a Viren. Sollten des Krankheetserreeger spéider eng Kéier an de Kieper kommen, kann en sech domat effizient verteidegen.
A wéi geet dat genee
Beim Impfe gi Virgäng ausgeléist, déi och op natierlech Aart a Weis oflafen, wann ee Krankheetserreeger an de Kierper kommen. Soubal Bakterien oder Viren eis krank maache wëllen, reagéiert eisen Ofwiersystem direkt: Ofwierstoffer, d'Antikierper, gräifen déi ongebiede Gäscht un, fir se onschiedlech ze maachen. Gediechtneszelle suergen dofir dass eise Kierper d'Erreeger net esou séier vergësst. Ginn mer eng zweete Kéier vun deene selwechten Erreeger ugegraff, produzéieren des Gediechtneszelle blëtzschnell déi passend Antikierper. Beim Impfe gi gezielt ofgeschwächten Erreeger an de Kierper bruecht, fir genee des Ofwierreaktiounen auszeléisen. Sou gëtt eisen Immunsystem trainéiert.
Kann en Impfstoff krank maachen?
An den Impfstoffer sin ofgestuerwen a ofgeschwächte Krankheetserreeger. Muenchmol och nëmme Stécker vun engem Erreeger. Dat geet duer fir dass Ofwierstoffer a Gediechtneszelle produzéiert ginn, mee dat mëscht net krank.
A wisou refuséieren sou vill Leit Impfung.
Et gi vill Meenunge a Rumeuren. Déi sinn net ëmmer falsch, mä dacks veraalt oder och nëmmen en Deel vun der Wourecht. Fuerscher betounen ëmmer erëm wie wichteg eng Impfung ass. Doduerch konnte schonn e puer geféierlech Krankheete bal oder ganz ausgerott ginn. D'Pocken ginn et op der ganzer Welt net méi, an an Europa gëtt et keng Kannerlähmung méi. Natierlech kënne béi bei all aner Medikament och Niewewierkungen optrieden. Déi meeschte Reaktioune sinn awer harmlos, Impfstoffer ginn immens streng kontrolléiert.er