© www.piqs.de
Munch Beem kenne méi wéi 100 Meter grouss ginn. Dat ass riseg - mee wisou wuessen se net nach méi an d’Luucht
Mr Science, Mammutbeem zielen zu de gréisste Beem. Se reechen deelweis bis wäit iwwer 100 Meter an den Himmel. Trotzdem halen se iergendwann op mat wuessen. Wisou eigentlech? Eng eendeiteg Äntwert dorop gëtt et leider nach net. Beem brauche Luucht fir ze Wuessen a strecken sech dofir der Sonn entgéint. D’Blieder oder d’Neel un der Bamspëtzt brauchen awer natierlech och Waasser. E puer Fuerscher mengen, dass d’Beem virun allem Waasser net onendlech wäit no uewen transportéiere kennen. Dofir, mengen si, wuesse Beem net onbegrenzt an d’Luucht.
Wei funktionéiert dann dëse Waassertransport?
D’Beem huele Waasser mat hire Wuerzelen op. Dat muss da géint d’Schwéierkraaft an d’Kroun transportéiert ginn. Dat gëtt vun der Verdämpung ugedriwwen: Blieder an Nolen hunn winzeg Lächer un der Surface, d’Stomata. Ginn si opgemaach, verdämpt d‘Waasser - et entsteet en Zoch, deen d’Waasser vun ënnen no uewen transportéiert.
An dat funktionéiert a grousser Héicht net méi?
Dovu ginn zumindest e puer Fuerscher aus. Virun e puer Joer hunn Wëssenschaftler aus den USA Küstenmammutbeem ënnersicht. Se hunn eraus fonnt, dass d’Blieder oder Neel ab enger gewësser Héicht net méi genuch mat Waasser versuergt ginn. Se gi méi kleng. Doduerch liwweren se manner Nährstoffer un de Bam. Kuerz gesot: d’Käschte fir de Wuesstem si méi héich wei den Notzen.
Ab wei enger Héicht geschitt dat dann?
D’US-Fuerscher hunn fir Küstenmammutbeem eng Héicht vun 122 bis 130 Meter errechent. Tropenbeem schengen just 90 Meter héich ze ginn. Wisou dat sou ass, ass net bekannt. A vläicht ass een ënnert de Nolauschterer dee motivéiert ass dat ze ënnersichen.