© piqs.de
Dës Woch wär eng wierklech stresseg Woch, kuck der mol den Zoustand vu mengen Neel un, iwwerall ugeknabbert ! An ech gesinn du bass net vill besser.
Wisou bäissen ech meng Neel wann ech gestresst sinn? Dës Ugewunnecht, obwuel se net immens appetitlech ass, ass immens heefeg a gëtt vu muenche Leit als Berouegungs-Technik benotzt. Ähnlech wie wann ee kleng Stéckelcher Haut niewent dem Nol erof piddelt ass d’Neel bäissen en Zeeche vun engem gestéierten Emotionalen Zoustand.
Jiddereen huet Deeg wou e gestresst ass. Mee wisou hunn dann awer just verschidde Leit sou Ugewunnechten ?
Leit déi séier gelangweilt sinn, sech suerge maachen oder ängschtlech sinn, sinn am allgemenge méi betraff vu dësem Verhalen. Se gehéieren anerwäerts immens oft zu de Perfektionisten déi per Definitioun, Problemer hunn sech ze entspanen.
Si mussen sech engem Ufluch vun Energie stellen deen se net meeschtere kennen. An sech un den Neel bäissen ass eng Aart dës Energie ze kanaliséieren.
Dat heescht also, seng Neel knabberen ass ënnert dem Stréch eng gutt Saach ?
An där Situatioun an nëmmen dann, kann d’Ofbäisse vun den Neel et erlaben seng perturbéiert Gefiller an de Greff ze kréien. Mee eleng aus hygienesche Grënn ass et net recommandéiert.
Wann dëst heiansdo oder just a bestëmmte Situatioune virkënnt, muss een sech keng Suerge maachen. Wann et allerdéngs en Drang gëtt dem een net widderstoe kann, an deen en Afloss op den Alldag vun enger Persoun huet, schwätzt een awer vun zwanghafter Stéierung.
Wei kann een dann domat ophalen ?
Eng Method, déi vun de Psychiater recommandéiert gëtt, ass et un de Facteuren ze schaffen déi d’Neelbäissen ervirruffen. Soubal een d’Neel knat soll een sech froen: Firwat maachen ech dat elo? An ass et néideg? Dëst eng Méiglechkeet fir et sech no an no ofzewinnen.
OK Joseph dat probéiere mer dann.