Intervallfaaschte soll gesond sinn a schlank maachen. Awer lount et sech wierklech op d'Iessen owes ze verzichten? Gutt méiglech seet de Mr. Science.

Ëmmer méi Mënsche schwieren op d‘Intervallfaaschten: Si iessen nëmmen an engem Zäitfënster vun aacht Stonnen, da maachen si 16 Stonne laang Paus. Dat heescht: Entweder fält bei hinnen de Kaffi oder Owesiessen aus. Klengt onbequem, mee tatsächlech schwätzen e puer Argumenter dofir, mengt de Mr.Science.

Mr.Science, dës läscht wollt ech ee Kolleg fiert Iessen alueden, awer hie mécht Intervallfaaschten a verzicht elo op d'Owesiessen. Ass dat gesond?

Jo, wahrscheinlech schonn. Méi genee huet een dat awer bis elo just un Mais getest. Mais déi permanent iessen, kréien Diabetis, schlecht Liewerwäerter a gi méi séier al. Wann se awer nëmmen an engem bestëmmten Zäitfënster iessen, bleiwen se gesond- an dat, obwuel se an deier Zäit souvill iesse kënne wéi se wëllen.

Cool. Fonctionnéiert dat dann och bei Mënschen?

Et kann een dat unhuelen, well Mais en ähnleche Metabolismus hunn wéi d’Mënschen. Éischt kleng Studie weisen och bei Mënschen eng positiv Wierkung. Den Zockerspigel am Blutt normaliséiert sech, Entzündunge ginn zeréck, Liewerwäerter verbesseren sech. An Mënschen déi en bëssi ofhuele wëllen, fannen Intervalfaaschten dacks méi einfach wei ee Regimm- well eigentlech ginn et keng Saachen di verbuede sinn- et muss een sech just un d’Pausen halen.

Firwat kann sech faaschten sou positiv auswierken?

Eise Kierper ass optimal dorobber  virbereet. An der Steenzäit an an de Joerdausenden duerno waren sou Pause ganz normal. Villäicht braucht de Kierper sou Pause souguer. Studien un Mais hu gewisen datt sech d’Darmflora duerch déi méi laang Pause verbessert, an eng gesond Darmflora ass ganz entscheedend fir eis Gesondheet.

Ech mengen dat probéieren ech och emol. Wat muss ech maachen?

Net vill- Du muss dech just un deng Pause mam Iesse vu 16 Stonnen halen. Ech probéieren dat och grad, an et ass schonn eng Ëmstellung, mee et fillt sech awer bis elo mol gutt un.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: