Firwat gëtt ee méi séier voll, wann een näischt giess huet?

Ze vill Alkohol mécht voll. Mee dat geet nach vill méi séier wann een op niichtere Mo drénkt. Firwat?
Well den Alkohol da méi séier an d’Blutt geet an net vu Fetter an anere Bestanddeeler vun eisem Iessen opgehale gëtt.
D’Voll si spillt sech am Gehir of, wou den Alkohol d’Aktivitéit vun den Nervenzelle steiert. Vir dohinner ze komme muss en als éischt an eist Blutt. Dat geschitt, andeems den Alkohol duerch d‘Schläimhait an eis Zelle wandert. Zu engem klengen Deel geschitt dat direkt nom drénke – per Diffusioun duerch eis Schläimhaut am Mond. Ronn 20 Prozent vum Alkohol kommen am Mo an d‘Blutt, de gréissten Deel awer an eisem Dënndaarm. An wei séier dat geet, hänkt ënner anerem vum Fëllstand vun eise Verdauungsorganer of. Wann se eidel sinn, fënnt den Alkohol méi séier de Wee duerch eis Mo- an Daarmwand.
Drénkt een awer Béier oder Wäin während dem Iessen, dann entsti bei zersetze vum Iesse Stoffer déi den Alkohol fir eng kuerz Zäit un sech bannen.

Kann een dann duerch Iesse verhënneren datt ee voll gëtt?

Kaum. Et kann een awer retardéieren, wéini den Alkohol wierkt. Mee den Effet hänkt dovunner of, wéi eng Saachen een ësst. Virun allem fettegt Iesse mécht d'Resorptioun méi lues- dat ass d’Opnam vum Alkohol an eise Kierper. Eng Botter Schmier, eng fetteg Vinaigrette fir t’Zalot oder eng deck Kotlett kann d’Voll gi bremsen. Mee et léisst sech net verhënneren. Spéitstens no zwou Stonnen ass den Alkohol op allen Fall am Blutt ukomm.

Spillen nach weider Faktoren eng Roll?

Alkoholesch Gedrénks mat Kuelesaier wéi Cremant oder een extra spruddelege Béier wierken extra séier. Well déi kleng CO2 Bliesecher d’Duerchbluddung an der Schläimhaut vun eisem Mo an dem Daarm stimuléiert.  Fëmmen dogéint bremst d'Alkoholopnam.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: