Firwat schreiwe Bicker schlecht, wann den Notizblock eng Kéier e puer Drëpse Reen ofkritt huet?

Bicker sinn immens praktesch, nëmmen eppes hu se net gären: Nätzt. Wann de Notizblock ee mol e puer Reendrëpsen ofkritt huet, kapituléiere se meeschtens. Firwat ass dat esou?

D’Minn vum Bic ass ee Réierchen dat mat Tënt gefëllt ass, dat um ënneschten Enn mat enger klenger Kugel zou gemaach ass. Beim Schreiwen dréint d‘Kugel sech an hëlt dobäi Tënt mat, déi um Pabeier erofgerullt gëtt. Dee selwechte Prinzip fënnt een och bei engem Rulldeo. Anescht wie bei der Flëssegkeet aus dem Deo ass d’Tënt vum Bic eppes zimlech Déckflësseges. De Stëft däerf jo net drëpsen oder schmieren. Dowéinst muss d’Kugel gutt un der Ënnerlag pechen, fir sech géint de Widderstand vun der zéier Tënt ze dréinen. Wann de Pabeier naass ass, rutscht d’Kugel iwwert de Pabeier amplaz sech ze dréinen. D’Kugel kann da keng Tënt méi ophuelen an op dat naasst Blat iwwerdroen.

Ree mécht also de Pabeier méi glat, ech verstinn. Aus deem selwechte Grond kann ee mat engem Bic och nëmme schwéier eppes op Plastiks Folië schreiwen?

Jo, déi Uewerfläche sinn och ze glat. Et gëtt awer speziell Bicker, mat deenen ee souguer ënner Waasser schreiwe kann! Eigentlech sinn déi entwéckelt gi vir se am Weltraum ze benotzen.

Am Weltraum schreift een awer net ënner Waasser!

Nee. Dat ass nëmmen een nëtzlechen Nieweneffekt vun dee Weltraum-Bicker. Déi hu nämlech eng speziell Tëntepatroun, déi ënner Drock steet. Sou kann een och domadder schreiwen, wann d’Schwéierkraaft feelt, fiert Tënt an t'Spëtz ze drécken. Fir dass d’Tënt duerch den Drock awer net drëpst oder ausleeft gouf eng speziell Tënt entwéckelt. Déi ass mega déckflësseg an eréischt wann d‘Kugel ufänkt sech ze dréine gëtt se méi dënnflësseg wei dei normal Tënt. D’Kugel dréint sech mat wéineg Widderstand an et kann ee sou och op glaten oder naassen Uewerfläche schreiwen!

Lauschtert Iech hei de Reportage un: