Wann ech kuerz an d'Sonn oder an eng hell Luucht gekuckt hunn, gesinn ech dacks duerno ee schwaarze Fleck. Vu wou kënnt dat?

Mr. Science, dës läscht owes wou d’Sonn déif um Himmel stoung, hunn ech kuerz an d’Sonn gekuckt. Duerno hunn ech eng gutt Zäit laang ee schwaarze Fleck gesinn, deen net do war. Wéi kënnt dat?

Wann s Du an eng ganz hell Luucht kucks, reegelt däin A d’Empfindlechkeet vun dénge Kuckzellen, op déi di staark Luucht fält, erof. Wann s Du däi Bléck da vun der heller Liichtsource fort dréins, brauchen d’Kuckzellen e bëssi, bis si hier Empfindlechkeet erëm eropgereegelt hunn. An dëser Zäit mengs Du, ee schwaarze Fleck amplaz vun der staarker Luucht ze gesinn. Dat nennt een iwwregens Nobild.

Ech lafen dach stänneg laanscht hell Luuchten, an hunn awer net all Kéiers esou Nobiller, wéi wann ech an d’Sonn gekuckt hunn. Firwat?

D’Sonn huet dat stäerksten natierlechst Liicht a provozéiert  dowéinst séier een Nobild. Virun dëser Luucht muss Du Deng Ae gutt schützen, soss kënnt séier eppes drun.

Aner Luuchte sinn net esou grell wéi d’Sonn. D’Empfindlechkeet vun de Kuckzelle gëtt dowéinst net esou staarkt erofgereegelt. Ausserdeem wandert däin A beim normale Kucken dauernd hin an hier. Verschidde Beräicher vun denger Netzhaut ginn dobäi gereizt – an dann entsteet net sou een däitlecht Nobild wéi bei engem kuerzen, steiwe Bléck an d’Sonn.

Wéi laang dauert dat dann, bis sech d’Kuckzellen erëm calméiert hunn?

Bis d’Nobild, also dee schwaarze Fleck, verschwonnen ass, dauert et nëmmen e puer Minutten. Mee ëmgedréint, bis sech däin A wéineg Luucht oder souguer un absolut Däischtert gewinnt huet, kann et schonn eng hallef Stonn daueren. Mee da kann däin Aa awer souguer een eenzelt Liichtdeeleche gesinn, dat z.B. vun engem wäite Stär op deng Netzhaut fält. Däin Aa bréngt méi Leeschtung wéi all Fotoapparat.