Ass dat just e Mythos oder stëmmt et, dass waarmt Waasser méi séier fréiert wéi kaalt Waasser.

Anscheinend soll waarmt Waasser méi séier fréiere wéi kaalt Waasser. Souguer den Aristoteles huet scho vun dësem Phänomen geschwat. Mr Science, kann dat wierklech sinn?

Et schwätzt alles dogéint. Dat waarmt Waasser muss beim ofkille jo als éischt emol d’Temperatur vum kale Waasser erreechen. Et brauch also méi laang, bis d’Gefréiertemperatur erreecht ginn ass. Mee den Aristoteles huet scho virun iwwer 2000 Jore vun dësem Phänomen geschwat an och de franséische Philosoph an Naturwëssenschaftler Descartes huet et beschriwwen. An den 1960er Joren huet de Schüler Erasto Mpemba an Tansania et beobacht. Him ass opgefall, dass waarm Flëssegkeet am Tiefkühler méi séier zu Äis ginn ass, wéi kal Flëssegkeet. Ee Physiksprofesser ass vu senger Beobachtung gewuer ginn an huet den Effet beim Experimentéiere bestätegt. Säit deem heescht de Phänomen Mpemba-Effet a reegt d’Fantasie vu Physik-Intresséierten a Wëssenschaftler un. Et gëtt awer ee grousse Problem: De Phänomen konnt säit deem ni méi eendeiteg bestätegt ginn. Am Géigendeel schwätze Resultater vu meeschte Versich dogéint.

Also kaalt Waasser fréiert ëmmer méi séier wéi waarmt Waasser?

Dat kann een och net soen, well d’Fréiere vum Waasser ass ee komplexe Virgang. Heiansdo erlieft een dat, wann een eng Fläsch aus dem Tiefkühler hëlt. Et ka geschéien, dass den Inhalt nach flësseg ass an eréischt duerch de Schock beim Eraushuelen oder duerch d’Opmaache vun der Fläsch op eemol zu Äis gëtt. Waasser kann an Extremfäll souguer  -40 Grad ginn an trotzdeem net afréieren.

Wat bedeit dat fir de Mpemba-Effet?

Den Zoufall oder déi vun eis net gutt beherrschte Facteure spille beim Fréiere vu Waasser eng grouss Roll. Dowéinst kann et a seele Fäll geschéien, dass Waasser wat à la Base waarm war méi séier fréiert wéi kaalt Waasser. Fir richteg muss et also heeschen: An der Reegel fréiert kaalt Waasser méi séier wéi waarmt Waasser. Heiansdo kann et awer och ëmgedréint sinn…

Lauschtert Iech hei de Reportage un: