Firwat ass et esou schwéier, déi perfekt Schlagsahn ze zerwéieren? Knapps geklappt, fält se dacks erëm a sech zesummen. Firwat?

Et gëtt net vill wat bei Kaffi a Kuch méi begeeschtert , wéi selwer gemaachte Schlagsahn, déi net ze schwéier, an awer steif ass. Mee dat klappt net ëmmer, well Schlagsahn fält séier a sech zesummen. Firwat iwwerhaapt?
Salopp kéint ee soen: well Schlagsahn kee Bauschaum ass. Dee gëtt nämlech haart, nodeems sech de Schaum forméiert huet. Schlagsahn dogéint ass ee mëlle Schaum. Déi kleng Loftbléisecher an der Schlagsahn, sinn an engem dräidimensionalen Netzwierk aus klengen uneneen pechenden Fettkuggelen gefaangen. Déi stamen aus der Mëllech a bestinn aus dem selwechte Fett, mat deem och Botter gemaach gëtt. Bei Zëmmertemperatur ass dëst 3D-Fettnetz mëll an d’Loftbléisecher kënne mat der Zäit erausgoen, de Schlagsahn-Schaum fält a sech zesummen.

Kënnt vun do och den Tipp, fir méiglechst kal Ram ze huelen fir ze klappen?

Genee. Am beschten ass och d’Schossel an där se geschloe gëtt, an den Apparat, mat deem een se réiert gëtt, kill. Esou kënne Loftbléisecher, déi beim Schloen entstinn, net erëm direkt aus der Schlagsahn entwëschen, well d’Fettgerüst méi steif ass.

Wat geschitt iwwerhaapt genee wann ee Schlagsahn mécht?

Dat hunn viru kuerzem chinesesch Fuerscher mat bis ewell onerreechter Genauegkeet opgekläert: Mam Schnéibiesem, schléit ee Loftbléisecher an d’Schlagsahn. Déi hunn dann ähnlech wéi Seefeblosen eng reng Haut aus Mëllech-Eewäiss ëm sech. Gläichzäiteg gi beim Schloen déi kleng Fettkugelen, déi an der Schlagsahn schwammen, uneneegedréckt. Si kënnen doduerch matenee verpechen. Mat engem Schlag verpechen ëmmer méi Fettkugelen, si produzéieren een dräidimensionaalt Fettnetzwierk, an deem d’Loftbléisecher festhänken.

A firwat kann ee Ram och „iwwerschloen“, sou dass Botter entsteet?

Wann een d’Ram ze laang schléit, dréckt een d’Fettkugelcher ëmmer weider uneneen. Si lageren sech dann zu ëmmer méi grousse Fettklompen zesummen an dat ass näischt aneschters wéi Botter.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: