Egal wou a wéini se gefeiert gëtt, huet si ee gemeinsamt Merkmal: d’Leit verkleede sech. Mee firwat maache se dat?

Den 11. November fänkt an Däitschland offiziell d’Fuesent un. An dat gëtt a verschiddene Regiounen op der Welt ënnerschiddlech gefeiert. Eng Particularitéit fënnt een awer iwwerall: D’Leit verkleeden sech. Firwat maachen se dat?

Psychologen erklären d’Loscht sech ze verkleede mat dem Wonsch vu ville Leit, aus hirer alldeeglecher Roll auszebriechen. Dës hunn si sech am Laf vum Liewen zougeluecht – duerch d’Wiel vun hirem Beruff oder duerch Upassen un d’Famill oder d’Noperschaft: un hirt soziaalt Ëmfeld.

Mee vill Leit wënschen sech zumindest heiansdo nei Rollen oder Verhalensweisen auszeprobéieren. Eng Verkleedung ass heifir ideal: hannert enger Mask kann een sech gutt verstoppen. A vun anere Leit gëtt een net als dee wouergeholl, deen een ass, mee als een, deen een nomécht. Sou loossen sech, ouni Folge fir den eegene Ruff, d’Reaktioune vum Ëmfeld op en ongewinnt Behuelen testen.

Mécht eng Verkleedung hemmungslos?

Net onbedéngt. Awer si hëlleft, perséinlech Hemmschwellen ze iwwerwannen, zum Beispill wann ee schei ass. Da kann e passende Kostüm Geleeënheete bidden, déi et erliichteren aner Leit unzeschwätze – wann een als Clown verkleet ass kann een zum Beispill mat anere Leit de Geck maachen. Virun allem Kanner hëlleft Verkleeden, hiert Selbstbewosstsinn ze stäerken, verstoppten Talenter ze ënnersichen an Empathie ze entwéckelen – andeems se zum Beispill an d’Roll vun engem Filmstar oder engem Clochard klammen.

Léist sech aus dem gewielte Kostüm eppes iwwert de Charakter erausliesen?  

Mat esou Interpretatioune sinn d’Psychologe virsiichteg. Well et gi vill Grënn firwat een sech hannert enger bestëmmter Mask verstoppt. D’Wiel vum Kostüm ka weisen, wien ee gäre wär. Oder e soll Charaktereegeschafte betounen, déi ee souwisou huet. Oder en ass einfach zweckméisseg: wéi e waarme Plüschkostüm géint d’Keelt.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: