Tuddele fänkt meeschtens an der Kandheet un. Souguer berühmte Schauspiller, wéi de Bruce Willis, hu missten dogéint ukämpfen. Mee wat ass d’Ursaach?

Kanner fänken dacks op ee mol un ze tuddelen. Meeschtens kënnt dës Schwätzstéierung virum 6. Liewensjoer. Vill gi vun hire Schoulkomerode gehänselt an och erwuessen Tuddeler hunn et net einfach. Mee wat ass eigentlech d’Ursaach vum Tuddelen?

Laang huet ee geduecht, datt d’Elteren dofir verantwortlech wieren. Ze streng oder och ze lax Erzéier géifen d’Tuddele begënschtegen. Och sproochlech Iwwer- oder Ënnerfuerderen sinn als méiglech Grënn genannt ginn. Dat ass awer mëttlerweil alles widderluecht ginn. Haut wëssen d’Fuerscher, datt d’Genen eng grouss Roll spillen, ob een ufälleg fir Tuddelen ass oder net. Awer eng genee Ursaach oder Ausléiser hu si bis elo net fonnt. Och Gehirscanner brénge si bei der Ursaachefuerschung net wierklech weider. Si weisen zwar, datt am Gehir vu Leit déi tuddele beim Schwätzen deelweis aner Gehirberäicher aktivéiert si wéi bei Leit déi net tuddelen. Mee d’Fro bleift, ob dat d’Ursaach vum Tuddelen ass oder nëmmen d’Resultat dovun.

Ech hunn awer héieren, datt extrem psychesch Evenementer Tuddelen ausléise kënnen.

Jo, dat stëmmt. Mee dat kënnt nëmme ganz seele vir a meeschtens eréischt no der Pubertéit. D’Tuddele weist sech dann an der Reegel direkt no engem dramateschen Erliefnis. Och Gehirverletzungen duerch Accidenter oder ee Schlag kënnen Tuddeler ausléisen. An och bei verschiddene geeschtege Behënnerungen, wéi dem Down-Syndrom, kann Tuddelen ee vun de Symptomer sinn. Dës Form vun Tuddelen ënnerscheet sech awer vum heefegen Tuddelen, dat ouni erkennbar Ursaach optrëtt. Sou tuddelt ëmmerhin all zwanzegst Kand iergendwann ee mol am Laf vu senger Entwécklung.

Lauschtert Iech hei de Reportage un: