Mir maachen eise Léifsten esou gäre Kaddoen. Awer dacks ass et schwéier, dat Richtegt ze fannen. Wat fir eng Kaddoe maachen am glécklechsten, Mr. Science?

Mr. Science, Chrëschtdag steet virun der Dier an ech si lo scho gestresst. Ech géif sou gär eppes schenken, dat richteg Freed mécht, awer wéi maachen ech dat? Huet do net d‘Fuerschung e puer Tipps fir mech?

Schenken huet eppes mat der Bezéiung tëschent zwee Leit ze dinn. Wéi gutt kenns du deen aneren? Kënns du vum selwen drop, wat hien oder hatt sech wënscht? Wann s du der onsécher bass, solls de si villäicht einfach direkt froen. Well d'Fuerschung weist, dass d'Freed besonnesch grouss ass wann de Kaddo dem Wonsch entsprécht.

Dann ass et awer keng Iwwerraschung méi.

Dat stëmmt, mee anscheinend gëtt d'Iwwerraschung vun deem dee schenkt iwwerschat. Dat ass jo just e Moment. E Kaddo, dee gefält a gebraucht gëtt, erënnert dogéint nach laang un d'Bezéiung.

An eiser Iwwerflossgesellschaft hunn déi meescht Leit schonn alles, wat se brauchen. Vill Leit soen, dass se sech guer näischt méi wënschen. Wéi kann ech hinnen dann eppes schenken?

Jo, et ass méi schwéier ginn. Du muss der Zäit huelen, driwwer nodenken, wéi si oder hien d'Welt gesäit an erlieft. De Psycholog Dan Ariely gëtt dësen Tipp: Schenk eppes, dat deen aneren sech zwar eigentlech wënscht, awer sech selwer net gënnt. Dat kënne besonnesch Knippercher sinn(fir mech wier dat gutt), e schrecklech kitschege Libesroman, ee vill ze deiere Kaschmirpullover oder en Iessen an engem Restaurant. Sou kann de "Beschenkte" de Kaddo genéissen, ouni sech schëlleg ze fillen oder iwwert den onsënnege Luxus ze granzen.

A wéi komme Geldkaddoen un?

Tatsächlech weisen Etüden, dass de "Beschenkte" léiwer Suen kritt wéi e Kaddo, dee se net gebrauche kënnen. Awer natierlech kënne Kaddoen mat Suen och penibel sinn. Du gesäis, d’Wonnerléisung hunn ech net – et brauch een och bësse Fangerspëtzegefill beim Schenken.

Lauschtert Iech hei de Reportage