Mythos oder Wourecht: Stëmmt et, datt ee Bauchwéi kritt wann een zevill réien Deeg ësst? A kann een doduerch nach méi serieux Gesondheetsproblemer kréien?

Wann ee vill réien Deeg ësst, kann dat zu Bauchwéi féieren. Ob dat awer dann un där grousser Bull Deeg am Bauch läit oder dodrun, dass d'Hief oder d‘Bakpolver am Mo weider opgeet, dozou hunn ech leider keng wëssenschaftlech Etüd fonnt - zumindest net wat Mënsche betrëfft.

Fir Hënn schéngt et awer vill méi geféierlech ze sinn, well si méi kleng si wéi mir. Wann een net oppasst, an den Hond frupst déi ganz Deegschossel eidel, soll ee mat hinne séier bei de Véidokter goen. Well wann den Deeg kann an hirem Mo weider opgeet, kann e räissen oder et gi wichteg Oderen ofgeklemmt.

Déi méi grouss Gefor geet awer vun Alkohol aus, dee bei der Gärung vun engem Hiefdeeg entsteet: dee kann eng geféierlech Alkoholvergëftung verursaachen. A wann et sech em Salzdeeg handelt, kënnen Hënn un enger Salzvergëftung stierwen.

Doraus kann ee folgend Conclusioun zéien: virun allem bei klenge Kanner sollt een oppassen, datt si sech net mat réiem Deeg vollstoppen.

Awer e bëssen Deeg naschelen ass awer kee Problem?

Ouni elo wëllen ze dramatiséieren – ginn et awer och aner Grënn déi dozou féieren dass ee Bauchwéi oder Duerchfall kritt, oder sech iwwergi muss. Wann am Deeg réi Eeër dra sinn an déi mat Salmonelle kontaminéiert sinn, kënne mir eis mat deenen infizéieren. Fir Kanner ënner 5 Joer, al oder krank Leit kann dat zu engem grave Problem ginn.

Eng zweet, awer vill méi rar Geforequell, si Bakterien am Miel. Si kënne zum Beispill aus den Exkrementer vun Déiere stamen, déi sech am Kärefeld opgehalen hunn.

Lauschtert Iech hei de Reportage