Am Fréijoer gëtt een all Moie vum Gesang vu Märelen a Nuechtigailercher erwächt. Wisou kënnen des kleng Déieren eigentlech esou haart sangen?

Sangvillercher kënne Loft mat ganz héijem Drock duerch hiert Stëmmorgan pressen. Wat den Drock méi héich ass, wat den Toun och méi haart gëtt. Am Verglach zu anere Liewewiese kënnen d’Villercher dohier immens haart sangen. Et kéint een et scho bal Kaméidi nennen, virun allem wann ee moies nach schlofe wëll.

A wisou kënnen d’Villercher dësen héijen Drock produzéieren?

D’Ootmung vun de Vigel funktionéiert ganz anescht wéi bei eis Mënschen. Hiere Kierper ass nämlech vu Loftsäck duerchzunn. Mat Hëllef vun hire Muskele kënnen d’Villercher dës Loftsäck entweder auserneenzéien oder zesummepressen. Doduerch saugen si d’Loft an hire Kierper a pressen se och rëm aus.

Beim erausstréime geet d’Loft deelweis duerch d’Long. Dës selwer ass awer net beweeglech. Do geet dann de Sauerstoff an d’Blutt. Anersäits fléisst d’Loft duerch d’Stëmmorgan vun de Vigel. Wann d’Vigel d’Loft mat vill Drock duerch hire Stëmmkäpp erauspressen, da kënnen se ebe ganz haart sangen.

Funktionéiert dëse Stëmmkapp da genee sou wéi eis Stëmmbänner?

De physikalesche Prinzip ass dee selwechten. Allerdéngs hunn d’Villercher keng Stëmmbänner mee Membranen, op deenen d’Loft déi laanscht fléisst en Toun produzéiert. Sangvillercher hunn zwou Puer Membranen a verschiddener kënne souguer am selwechten Ablack zwee Téin produzéieren, andeems se d’Membranen onofhängeg vun enee schwénge loossen. Esou kënnen se da mat sech selwer am Duett sangen.

Lauschtert hei de Reportage