Ëmmer méi Alben kommen an de leschte Joren och als Vinyl op de Marché. D'Retro-Plack erlieft also e Comeback. Ma wéi kënnt den Toun iwwerhaapt op d'Vinyl?

Geräischer si Schallwellen, also Drockschwankungen an der Loft. Bei enger Tounopnam wandelt e Mikro dës Drockschwankungen an elektresch Schwéngungen ëm. Wann eng Plack hiergestallt gëtt, suergen déi elektresch Schwéngungen dofir, datt d’Informatiounen iwwert den Toun, sief et héich, déif, haart oder lues, an enger Rill op der Vinyl-Plack festgehale ginn.

Wéi geschitt dat dann?

D’elektresch Schwéngunge beweegen eng kleng, haart Diamanten-Nol säitlech hin an hier. Si ritzt eng Rill an d’Lackbeschichtung vun enger sech dréinender Scheif. Dës Scheif ass elo awer nach net d’Plack, déi ee kafe kann. Si ass d’Ofdrockform fir déi eigentlech Placken.

Wéi ginn dës Placken hiergestallt?

Vun der Ofdrockform gëtt als éischt an e puer Schrëtt een Negativ-Ofdrock hiergestallt. Dat ass eng dënn Metallscheif, déi wéi ee Stempel als Pressvirlag fir d’Plack déngt.

Dat heescht d'Placke selwer ginn also guer net geritzt?

Ganz genee! D’Placke gi gepresst. Dofir brauch een zwou Pressvirlagen aus Metall. Eng fir déi iewescht, déi aner fir déi ënnescht Placken-Säit. Tëschent béide Virlage gëtt gewiermte Plastik gepresst, méi genee gesot Polyvinylchlorid. Nodeems dësen sech ofgekillt huet a fest ginn ass, ass et réischt eng Vinyl-Plack.

A wéi entsteet elo do eraus den Toun?

Wann ech d’Plack ofspillen, beweegt sech d’Nol vum Plackespiller an der gepresster Rill hin an hier. Genee wéi d’Diamanten-Nol, di am Ufank d'Ofdrocksform geritzt huet. D’Schwéngungen, déi un der Nol vum Plackespiller entstinn, ginn an elektresch Schwéngungen ëmgewandelt an iwwer ee Verstäerker un d'Hautparleure geleet. Esou entsteet also den ursprénglechen Toun.

Lauschtert hei de Reportage