Elo am Abrëll mengt een dacks, et kéint een de Reen scho richen, nach éier en do ass. Kann dat wierklech sinn oder ass dat just Abildung?

Dat ass keng Abildung! De Reen selwer kann een zwar net richen, dofir awer Substanzen, déi duerch de Reen fräigesat ginn. Dat sinn zum Beispill Substanze wéi ätheresch Ueleger op de Blieder vu Planzen, déi vum Reen ofgewäsch ginn oder Zersetzungsprodukter vu Bakterien.

Wa Reendrëpsen op Blieder oder op de Buedem treffen, wierbelen si mini kleng Drëpsen an d‘Luucht, déi des Substanze maträissen. Dës mikroskopesch Drëpse bilden e sougenannten Aerosol, also ee feinen Niwwel, deen de Wand weider dréit. Sou kann et sinn, datt mir Reen richen deen op eis duer kënnt, well mir duerch dëse Geroch virgewarnt ginn.

Wat sinn dat da fir Zersetzungsprodukter vu Bakterien, déi mir riche wann et reent?

Eent dovunner ass besonnesch gutt erfuerscht, de Geosmin. Et gëtt vu Bakterien, Schimmelpilzer an anere Mikroorganisme produzéiert, wa si organescht Material wéi zum Beispill Planzereschter zersetzen. Geosmin richt no Buedem an e bësse muffeg, an dat ass ee Geroch op deen eis Nues extrem empfindlech reagéiert.

Also ech perséinlech hunn de Geroch vu Ree jo gär!

Do bass du net deen eenzegen. Parfumsentwéckler probéieren ëmmer erëm, dee Geroch nozemaachen. Si huelen dofir als ee vun den Ingredienten de Jus vu roude Rommelen, well do ass vill Geosmin dran. Dofir schmaachen déi och e bëssen no Buedem.

Bei anere Geleeënheeten ass dee Geroch net sou erwënscht. Fësch zum Beispill richen oft dono, virun allem Frellen a Kaarpen. Well Geosmin awer a Presenz vun enger Saier zerfält, mëscht een e gär mat e bëssen Zitrounejus oder Esseg. Sou kann een de Geroch vu Buedem reduzéieren.

Lauschtert hei de Reportage