Wouraus besteet eigentlech e Koz an stëmmt et, dass et soll gesond sinn, se ze iessen? Klengt eekleg, mee huet d'Wëssenschaft heirobber eng Äntwert?

An de Medie zirkuléiert zanter Joren ëmmer erëm d’Behaaptung, datt et gesond soll sinn, Kozen ze iessen. Et gëtt an dësem Kontext vun enger amerikanescher Etüd geschwat. De Problem ass, dës Etüd gëtt et bis elo nach net. D’Wëssenschaft weess also net, ob Kozen iesse wierklech gesond oder ongesond ass

Koze sinn näischt aneschtes wéi gedréchente Schläim. Dëse gëtt an der Nues permanent vu klengen, dënnen Hoer op der Schläimhaut iwwert d’Strass a Richtung Mo transportéiert. Mir iessen also andauernd kleng Quantitéite vu Nuesschläim. Dofir sollt et fir eis Gesondheet keen Ënnerscheed maachen, wa mir zousätzlech nach déi gedréchent Variant iessen.

Wouraus besteet dëse Schläim an der Nues da genau?

Haaptsächlech aus Waasser an Eewäisser, déi en zéiflësseg maachen. En huet awer och nach vill aner Ingredienten. Den Alexander Fleming, deen och de Penicillin entdeckt huet, huet am Nuesschläim en Enzym fonnt, dat vill Bakterie futti maache kann. Dat ass keen Zoufall! De Schläim soll eis viru Mikrobe schützen, déi mir anootmen. Bakterien a Vire pechen nämlech un him fest.

No an no hunn d’Fuerscher entdeckt, datt de Schläim an der Nues nach vill aner Komponenten huet, déi Bakterien a Viren ugräifen. Zum Beispill Antikierper an Immunzellen. Gläichzäiteg wunnen awer trotz dësem fir si liewensfeindlechen Ëmfeld, vill Bakterien, Viren a Pilzen permanent am Schläim. Fir des Gemeinschaft vu „gudde“ Mikroben am Schläim interesséieren sech d’Fuerscher ëmmer méi. Si kéinte bei der Ofwier vun Infektiounen eng wichteg Roll spillen, andeems se aneren, geféierleche Mikrobe keng Plaz loossen fir sech auszebreeden oder se souguer direkt bekämpfen.

Lauschtert hei de Reportage