
© Pexels.com
Bei ville Leit gehéiert Auto fuere zum Alldag dobäi, sief et fir op d’Aarbecht ze fueren, fir d’Kanner an d’Schoul ze bréngen, fir akafen ze goen oder fir an d’Vakanz ze fueren... Sou gehéiert tanken leider och dozou an ech mengen et ass näischt Neies wann ech soen, dass et en deiere Spaass ass.
Fir de Portmonni e bëssi ze entlaaschten, hunn ech e puer Tipps fir dech, wéis du ganz einfach Sprit spuere kanns.
Optimiséier däi Fuerstil
Versich séier ze beschleunegen a mat Zäiten erop ze schalten (ongeféier bei 2000 Touren). D’Zil ass et bei nidderegen Touren ze bleiwen a mat konstanter Vitess ze fueren. An schalt eréischt erof wann den Auto an nidderegen Touren ass.
Fuer virauskuckend
Wann ee bremst, kascht dat Energie. Versich viraus ze kucken an esou d’Bremse vum Moto ze huelen an den Auto ausrullen ze loossen. Zum Beispill wann ee gesäit, dass ee bei der rouder Luucht muss stoe bleiwen, einfach mat Zäiten de Fouss vun der Pedall huelen an den Auto ausrulle loossen. Mat e bëssi Chance ass et gréng befiert een do ass an et kann een direkt wieder fueren ouni mussen de Fouss op d’Brems ze drécken.
Vermeit kuerz Strecken
Wann de Moto nach kal ass, verbraucht en vill méi Energie, wéi wann e scho waarm ass. Bei kuerze Strecken, kënnt de Moto net dozou waarm ze ginn a verbrauch dohier vill méi Energie. Wanns du kuerz Strecken ze maachen hues, kanns du zum Beispill de Vëlo huelen. Domat mëss du dann och nach eppes fir d’Ëmwelt.
Maach den Auto aus wanns du eng länger Zäit muss stoe bleiwen
Wann ee laang stoe bleift an de Moto uléisst, verbraucht de Moto weiderhi Sprit (ongeféier 0,5 -1 Liter pro Stonn). Wann een also zum Beispill bei enger Barrière muss stoe bleiwen, am Beschten einfach den Auto ausmaachen. Domat schützt een net nëmmen d’Ëmwelt, mee et verbraucht een och keng onnéideg Energie.
Maach alles wat elektresch Saache sinn am Auto aus
Navi, Klima, Luuchten, Heizung… dat sinn alles Saachen déi am Auto elektresch ugedriwwe ginn. An anere Wieder och fir déi Saache verbraucht den Auto Sprit. Wann et am Summer dann net grad 40 Grad sinn, sollt een d’Klima einfach ausloossen. Genau wéi den Navi, wann een de Wee kënnt, deen am Beschten och einfach ausloossen.
Reduzéier d‘Gewiicht am Auto
Den Auto bis ënnert den Dag voll tässelen, heescht méi Gewiicht an domat brauch de Moto méi Kraaft. Doduerch verbraucht de Moto dann och méi Sprit. Versich also d‘Gepäck esou gutt et geet ze reduzéieren an net onnéideg Saachen am Auto trëllen ze loossen déi och nach schwéier sinn. Sou häls du däin Auto net nëmme geraumt, mee spuers och nach Sprit.
Huel net onbedéngt déi bëllegst Pneuen
Oft wëll ee keng deier Pneuen huele fir e bësse Suen ze spueren. Mee och d’Pneuen hunn en Afloss op d’Rulle vum Auto. Mat gutt beschichte Pneuen fiert den Auto méi einfach a verbrauch doduerch manner Energie.
Kontrolléier reegelméisseg de Loftdrock
Et ass wichteg dass de Loftdrock an de Pneuen ëmmer gutt ass, wann schonn nëmme ganz e bësse Loft feelt, kann dat dozou féieren, dass de Moto méi schaffe muss a méi Energie verbraucht.
Hal dech un d’Vitess Limitatiounen
Wann jiddereen sech un d’Reegelen hält an sou vill fiert wéi virgeschriwwen ass, kënnt et zu manner Stau. Doduerch huet ee fléissende Verkéier a konstant Rullen, wat besser fir de Moto ass an e manner Sprit verbraucht.
Benotz den ëffentlechen Transport
Deen einfachsten an effikassten Tipp ass wuel deen heiten. Wanns du d’Méiglechkeet hues den ëffentlechen Transport ze huelen, mëss du net nëmmen eppes fir d’Ëmwelt mee och fir däi Portmonni.