
© Unsplash
Virun allem am Hierscht muss ee besonnesch gutt op d'Déieren dobaussen oppassen. Da geet d'Saison vun de Juegten erëm un, sou zum Beispill och vun de Klappjuegten. Dat feiert dozou, dass vill Beweegung an eise Bëscher ass. D'Déiere sinn op der Flucht a sou kënnt et dann och vir, dass d'Wëld iwwert eis Stroossen leeft. Fir eis Chaufferen heescht dat, gutt oppassen, net ze séier ënnerwee sinn a richteg ze reagéieren.
Leider kommen Accidenter mat Wëld ëmmer nees vir. Mee wéi geet een do eigentlech vir? Wat muss ee maachen a wat däerf een op kee Fall maachen?
Wichteg ass scho mol, dass all d'Passagéier vum Gefier ugestréckt sinn. Ass een nämlech net ugestréckt, da kéint dat zimmlech schlëmm ausgoen. Wichteg ass och op d'Schëlder opzepassen. Dacks huet een e Verkéiersschëld, dat een drop hiweist, dass op dëser Stréck Wëld kann ënnerwee sinn.
Leider kann een d'Verhale vun den Déieren ni virauszegesinn. Spréngt et an d'Strooss, no lénks, no riets oder mécht et awer d'Kéier?Wat een och bedenke muss, wann een en Déier op der Säit vun der Strooss entdeckt, dass déi Déieren oft net eleng ënnerwee sinn. Wann een en Déier entdeckt, heescht et lues maachen, d'Geschwindegkeet reduzéieren a lues laanscht fueren. Esou gëtt een sech selwer Zäit fir kënnen ze reagéieren, am Fall wou d'Déier awer am leschte Moment op d'Strooss spréngt.
Wann et dann zu engem Accident mat engem Wëld kënnt, muss een op verschidde Saachen oppassen:
- Sou soll een zum Beispill direkt d'Police driwwer informéieren, fir dass déi kënnen dem Fieschter Bescheed soen.
- Falls d'Déier nach lieft an awer verletzt ass, op kee Fall versiche bei d'Déier ze goen an et unzepaken. Iwwerloosst dat dem Veterinär.
- An opgepasst, wann dir e Wëld ouni Geneemegung transportéiert, mécht ee sech strofbar.
Wichteg ass et och Fotoe vum Accident ze maache fir dono kënnen de Schued vun der Versécherung rembourséiert ze kréien. Säit 2020 schreift d'Police och keng Wëldaccident Bescheinegung aus, dat gëtt och net méi vun der Versécherung gefrot.