Zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz Rei vu Formatioune fir Erwuessener. Maacht iech hei selwer e Bild.

Der internationaler Aarbechtsorganisatioun no gi vill Kompetenzen, déi mir haut schonn hunn oder déi mir eis uneegnen, an Zukunft net méi duer, fir den Ufuerderunge vun de Beruffer vu muer gerecht ze ginn. Dofir engagéieren ëmmer méi Erwuessener sech an engem Prozess vum liewenslaange Léieren. Lëtzebuerg ass do keng Ausnam. Mir ziele souguer zu de beschte Schüler an der Klass, mat engem Participatiounstaux, deen iwwer der europäescher Moyenne läit. Wéi gesäit d'Offer awer momentan zu Lëtzebuerg aus? Kann ee vun enger finanzieller Bäihëllef profitéieren?

Lauschtert eran