Quasi jiddereen ass op de sozialen Netzwierker ze fannen. Ma et ass wichteg, dass ee sech hei och gutt presentéiert.

Lauschtert eran

An enger Welt, déi ëmmer méi connectéiert ass, spillt d'Reputatioun am Netz eng immens wichteg Roll, besonnesch dann, wann een op der Sich no enger Aarbecht ass. Mä firwat ass d'e-Reputatioun an der Rekrutementsprozedur esou wichteg ginn? Wat kann ee maachen, fir se ze optiméieren? A wéi eng Fale soll een evitéieren?