De Confinement hat en Impakt op eis Aart a Weis ze konsuméieren. Vill privat Persounen hu manner Geld ausginn a genau déi Gewunnechte gëllt et bäizehalen.

Lauschtert eran

Maacht Är Akeef online

Et ass dat bescht Mëttel, fir ze spueren. Dir gitt net vun de ville Promotiounen an ausgestallte Produkter verféiert. Dir kënnt d'Präisser vun de Produkter einfach vergläichen, well d'Präisser pro Kilo a pro Unitéit ugewise ginn. Dir kënnt Är Ausgaben an Echtzäit mat all Produkt wat Dir an de Kuef leet, verfollegen an esou Äre Budget besser geréieren.

Kaaft lokal a saisonal Produkter

Dir hutt bestëmmt bemierkt, datt den Himmel nach ni esou blo an esou fräi war, ewéi wärend dem Zäitraum vum Confinement. Also firwat net probéieren, dëse wëllkommenen Zoustand ze verlängeren andeem mer lokal Wueren, mat kuerzem Transportwee a Bio privilegiéieren? Andeem Dir saisonal Friichten a Geméis kaaft, maacht Dir net nëmmen eppes fir de Planéit, ma och fir Är Finanzen.

Optéiert fir eng aner Form vun Tourismus

Duerch d'Pandemie an déi virgeschriwwen Aschränkungen, hunn der vill vun eis d'Microabenteuer entdeckt, wat vu verschiddene Fuerscher als d'Touristifizéierung vun den normalen Uerten a vum Alldag bezeechent gëtt. Dëse Phenomen huet sech wärend dem Summer 2020 op "Staycation" ausgedeent – eng Wuertkombinatioun aus den Englesche Wierder stay (bleiwen) a vacation (Vakanz). Aus der Routine auszebriechen, verlaangt net onbedéngt, datt ee muss dausende Kilometer wäit lafen an e Verméigen ausginn.

Lieft besser, besëtzt manner

D'Confinement huet et och fäerdegbruecht, datt mir realiséieren, mat wat fir villen onnëtze Saachen eis Wunneng vollgestoppt ass. Wie vun Iech huet net ugefaangen seng Wunneng komplett ze raumen? Amplaz onnëtz Saachen unzeheefen, beweist e wéineg Disziplin wärend Ären nächsten Akeef. Sträicht Impulskeef, kaaft léiwer Qualitéit ewéi Quantitéit a gitt net Shoppen, wann Dir näischt braucht.