Problem: Immobiliëpräisser klammen an de leschte Joren extrem. D'Plus-value vun engem Logement an engem Joer ass méi héich wéi een an der Zäit spuere kann.

Lauschtert eran

Confrontéiert mat enger Hausse vun den Immobiliëpräisser, änneren d'Leit, déi nach net Proprietär sinn, hir Manéier fir op en Haus ze spueren. Déi meescht dorënner, besonnesch déi Jonk, verschiben de Kaf vun engem Logement op méi spéit, spueren op méi e laangen Zäitraum a maachen de Kaf vun engem Logement net méi hir éischt Prioritéit. Dëst geet ervir aus enger Online-Ëmfro an enger internationaler Etüd iwwer Immobiliëprête vum ING-Grupp.