Mandarin ass amgaangen international déi zweetmeescht gesprache Sprooch ze ginn. Ass d'Beherrschung vun dëser Sprooch en neien Ticket fir agestallt ze gin?

Lauschtert eran

Vill Länner sinn dovun iwwerzeegt a Lëtzebuerg mécht dobäi keng Ausnam. Zënter der Rentrée 2017-2018, baséierend op den Erfarungen, déi de Lycée Aline Mayrisch gesammelt huet, bitt de Stater Kolléisch senge 6e-Schüler am reguläre Stonneplang integréiert Mandarincoursen un. Dës Coursen, déi parallel zu de Latäincourse gehal ginn, kënne vum Schüler gewielt ginn a ginn an Zukunft graduell op déi aner Klassen ausgedeent. D'Zil ass et, d'Schüler op den offizielle Chineseschexamen (HSK oder Hanyu Shuiping Kaoshi)., deen op der ganzer Welt unerkannt ass, virzebereeden. De Stater Kolléisch bitt och Owescoursë fir Erwuessener zu engem relativ gënschtege Präis un. Wéi an anere Länner, gouf am Abrëll 2018 op der Universitéit Lëtzebuerg d'Konfuzius-Institut ageriicht, deem säin Zil d'Verbreedung an d'Entwécklung vun der chinesescher Sprooch a Kultur ass.

Ass dës Begeeschterung fir d'Chinesesch Sprooch gerechtfäerdegt?