Hannert der Grenz wunnen an op Lëtzebuerg schaffe kommen, e Gedanke mat deem aktuell vill Leit spillen, virun allem wéinst den héiche Wunnengspräisser.

Lauschtert eran

Dëse Phenomen ass net nei, mee e verschäerft sech vu Joer zu Joer. D'Hausse vun den Immobiliëpräisser animéiert ëmmer méi Lëtzebuerger derzou, sech hannert de Grenzen ze installéieren – haaptsächlech an Däitschland an an der Belsch. Mee ass et wierklech eng gutt Iddi, Frontalier ze ginn? Wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler?