Et ass wichteg sech am Viraus ze informéiere wann ee seng Suen investéiere wëll. Hei ass e Guide wéi der dat am ideaalste maache kënnt.

Lauschtert eran

Et placéiert ee seng Suen op eng aner Manéier, jee nodeem ob een 20, 30, 40, 50 Joer oder méi al ass. All Alterstranche entsprécht enger ganz besonnescher Investitiounsstrategie. Hei sinn e puer Tricker, fir Är Verméigensverwaltung erfollegräich op Är jeeweileg perséinlech Situatioun ofzestëmmen.

Et ënnerscheet een am Allgemenge véier wesentlech Liewensofschnëtter: d'Studenten (18 - 25 Joer), déi jonk Beruffstäteg (30 - 40 Joer), déi Beruffstäteg (40 - 60 Joer) an d'Pensionairen (+ 60 Joer).