Wärend een an der Vakanz ass hofft een natierlech, dass doheem net agebrach gëtt. Wéi wär et wann eng bestëmmt Persoun op äert Haus oppasst?

Lauschtert eran

Dir gitt an d'Ausland aus beruffleche Grënn oder an d'Vakanz, mee Dir wëllt, datt een sech ëm Är Wunneng këmmert wärend Ärer Absence? Dir géift gär d'Welt entdecken an dobäi manner deier, méi wäit a méi laang verreesen? A béide Fäll läit d'Léisung an dësen zwee Wierder: Home-Sitting.

Den Home-Sitting besteet doranner, en Haus oder en Appartement ze bewaachen an ze versuergen, wärend d'Proprietären net do sinn. Dës Iddi, déi ursprénglech aus Amerika kënnt a fir d'éischt an den 80er Joren an Europa opgetaucht ass, kënnt elo erëm nei op. Et muss ee soen, datt dëst Konzept wierklech attraktiv ass, well et op engem Austausch vun Déngschtleeschtunge berout, bei deem jiddweree gewënnt.