Bensinner oder Diesel? Dat ass déi Fro, déi ee sech virun e puer Joer nach gestallt huet. Mëttlerweil ass eng Optioun dobäi komm, an zwar den Elektroauto.

D'Elektromobilitéit steet hautdesdaags am Mëttelpunkt vun all den Diskussiounen. Vill Länner, och Lëtzebuerg, favoriséieren dëst Transportmëttel, dat manner verschmotzt. Ufank 2019 huet d'Regierung nei finanziell Hëllefen agefouert, dovunner eng Primm vu 5.000 Euro fir all Kaf vun engem 100% elektreschen Auto oder Camionnette.

Ma ass den Elektroauto dann elo finanziell interessant?

Lauschtert eran