An eiser Zäit probéieren ëmmer méi Leit sech gesond a biologesch ze ernären. Ma "bio" ass kee Luxus dee sech nëmmen déi Räich kënne leeschten.

Biologesch iessen ass zu Lëtzebuerg ganz beléift. Enger Etüd vun Eurostat aus dem Joer 2017 no, enthält den duerchschnëttleche Liewensmëttelkuerf am Grand-Duché ongeféier 80% Bio-Produiten, dat ass de véierthéchsten Taux an der Europäescher Unioun. Bei den ieweschte soziale Kategorië géif dësen Taux souguer bei iwwer 50% leien. Muss een doraus schléissen, datt de Bio-Produit nëmmen deene Räiche virbehalen ass? Nee, et kann ee sech komplett biologesch ernären, och wann een net an de Sue schwëmmt.

Lauschtert eran