Wat sinn är Rechter a Flichten, wann der Home Office wëllt bedreiwen?

D'Teleaarbecht entwéckelt sech momentan zu Lëtzebuerg schnell weider. A manner wéi zéng Joer huet sech d'Zuel vun den Teleaarbechter mat dräi multiplizéiert.

An eiser aktueller Zäit si mer allerdéngs gezwongen op d'Teleaarbecht zeréck ze gräifen. Wann een net muss op d’Aarbecht fueren, da soll een esou gutt et geet vun doheem aus schaffen.

Ausserhalb vum Covid-19 ass et awer am Moment nach ëmmer eng niewesächlech Form vun Aarbecht. Et ginn nach vill Hürden, déi ee muss iwwerwannen, fir d'Teleaarbecht am grousse Stil zu Lëtzebuerg ëmzesetzen.

Lauschtert eran