Fir e puer Su ze spuere muss ee sech net grouss ëmstellen. De Verzicht op den onnéidege Konsum geet hei scho meeschtens duer.

Offall reduzéieren ass net nëmmen eng ekologesch a gesellschaftsverantwortlech Demarche. Et ass och eng intelligent Manéier, fir onnëtz Depensen ze vermeiden a vill Geld ze spueren. E puer einfach Geste ginn duer.

Virun allem an der Zäit vum Covid-19 ass et wichteg net onnéideg virun d’Dier ze goen, spréch onnéideg akafen ze goen. Esou spuert een net nëmmen, mee et mécht een och eppes fir seng eege Gesondheet a virun allem och eppes fir d’Gesondheet vun deenen aneren.

Lauschtert eran