E Gefier dat sech vum selwen deplacéiert ouni, dass de Mënsch et steiert, ass net méi esou wäit hiergeholl wéi nach virun e puer Joer.

Lauschtert eran

2020 ass eng decisiv Etapp an der digitaler Transformatioun vum Grand-Duché. Dëst Joer gëtt nämlech am Land de 5G-Reseau opgebaut, dat ass déi fënneft Generatioun vum Standard fir mobil Daten.

Autonom Autoen ass ee Beräich vun de Méiglechkeete vun dëser neier Technologie. Mam 5G-Reseau kënnen d’Gefierer ablécklech hir Positioun, hir Vitess an hir Richtung ënnereneen austauschen. Heescht dat elo, datt geschwë connectéiert an intelligent Gefierer op eise Stroosse rulle wäerten?