De Sänger TheWeeknd huet op Insta säi wuel komplett operéiert Gesiicht gewisen...

Wat ass da mat deem geschitt?!

Dat ass de Sänger TheWeeknd. Dës Foto huet hien op senger Insta-Säit gepost.

Hie gesäit total verännert aus. D'Nues vill mi schmuel, opgepolstert Baken, opgesprëtzte Lëpsen, esou irritéiert TheWeeknd de Moment seng Fans am Netz.

Huet de Sänger därmoosse vill u sengem Gesiit rëmschnippele gelooss, dass een hie kaum erëmerkennt? Dat mécht jo deen een oder anere Star gären...

Oder ass dat Ganzt einfach ee Fake respektiv eng Mask, fir Reklamm fir säin neie Song "Save your tears" respektiv neie Museksvideo ze maachen?