D'Lena Meyer-Landrut an de Mark Forster ginn engem Mediebericht no Elteren. Confirméiert ass naïscht...

Ass et just ee Foodbaby oder ass déi däitsch Sängerin Lena Meyer-Landrut tatsächlech schwanger?

Däitsche Medien no gouf d'Lena mat engem däitlech siichtbare Babybauch op enger Supermarchés-Plaz gesinn. Säi Frënd a Sänger de Mark Forster soll och dobäi gewiescht sinn.

Déi lescht aktuell Ganzkierper-Foto déi d'Lena an de soziale Medie gepost huet, ass schonn eng Zäit hier. A leschter Zäit gouf et éischter just Fotoe vu sengem Gesiicht.

Verdächteg? Vielleicht! Ma villäicht hat d'Lena och einfach keng Loscht sech ganz ze fotograféieren.

Sollt et sou sinn, da wier et allemol eng positiv Noriicht fir d'Lena.

Villäicht confirméiert hatt d'Gerüchter jo deemnächst.