No 14 Joer ass Schluss, elo gouf déi lescht Folg vu 'KUWTK' gedréint.

Et kéint ee soen, eng Ära geet op en Enn, op d'mannst fir d'Kim Kardashian an hir Famill.

No 14 Joer gouf elo déi leschte Kéier fir d'Reality-Serie "Keeping up with the Kardashians" gedréint.

D'Serie hat d'Kim, d'Kourtney, d'Khloé, d'Kendall, d'Kylie, de Rob an d'Kris weltberüümt gemaach.

Mat der 20. Staffel geet d'Format op en Enn.

An hirer Instastory huet d'Kim hir Follower nach eemol matgeholl, wéi déi leschte Kéier d'Mikroen ubruecht goufen.

D'Folge sollen nach dëst Joer an den USA lafen, fir Europa gëtt et nach kee Sende-Rendezvous.

Et kann ee vun hinnen hale wat ee wëll, ënnerhalsam waren se allemol, op di eng oder aner Aart a Weis.

Och ouni d'Reality-Serie wäert ee sécher nach genuch vun hinnen héieren. Si schaffe wuel och un enger neier Serie mam Streamingdéngscht "Hulu".