Och dat nach...de Schlagersänger schafft eegene Wierder no un engem eegenen Noriichtendéngscht, deen anscheinend an e puer Deeg virgestallt gëtt.

U sech si mir dovunner ausgaangen, dass no deem ganzen Trouble ëm de Michael Wendler, fir d'lescht de Skandal mat "KZ Däitschland", dass een elo näischt méi vun deem héiere wäert.

Falsch geduecht...

Lo heescht et vum Wendler op Insta selwer, dass hie wéinst de ville Falschmeldungen an de Medien an a e puer Deeg een eegenen Noriichtendéngscht virstelle wëll. Wéini a wou genee, seet hien net.

Weider heescht et, géif dësen Noriichtendéngscht fir Meenungsfräiheet, demokratesch Grondwäerter a Wouerecht stoen. Dëse géif all Form vun Antisemitismus, Rassismus an Diskriminéierung verurteelen.

Ah ja...da si mir mol gespaant.

© Insta Screenshot / Michael Wendler