De Rapper gouf d'lescht Woch wéinst engem Aneurysma am Gehier an ee Spidol ageliwwert. Wéi et heescht, läit hie wuel nach ëmmer op der Intensiv-Statioun.

Ronn 1 Woch nodeems de US-Rapper Dr. Dre wéinst engem Aneurysma am Gehier, an ee Spidol ageliwwert gouf, läit hien anscheinend nach ëmmer op der Intensiv-Statioun. Dat mellt den US-Promiportal „TMZ“ a baséiert sech op anonym Quellen aus dem Ëmfeld vum Rapper. Wéi et heescht, géifen nach ganz vill Tester gemaach ginn. Do dernieft hält een den Dr. Dre nach am Spidol, fir séier reagéieren ze kënnen, falls et zu engem weideren Noutfall sollt kommen.

Den Dr. Dre selwer hat jo d’lescht Woch op Insta geschriwwen, et géif him gutt goen, nodeems dës Nouvelle ëm d’Welt gaangen ass.