Oha - d'Foto vun der nächster US-Vizepresidentin Kamala Harris um Vogue-Cover suergt fir Diskussiounen. D'Foto géif der Vizepresidentin net gerecht ginn.

Déi nächst US-Vizepresidentin Kamala Harris ass um Februar-Cover vun der amerikanescher Vogue. U sech eng gutt Saach. Mee d'Opreegung an de soziale Medien ass grouss, dat wéinst der Foto déi fir de Cover gewielt gouf.

Vill Insta- an Twitter-User kënnen net verstoen, firwat net déi méi serieux Foto vum Harris am bloe Blazer virun engem gielen Hannergrond gewielt gouf, déi amplaz am Magasinn selwer gelant ass.

Um Cover vun der Print-Ausgab huet et deemno, den User, an och dem Harris-Team no, ee manner gutt Bild gepackt. D'Kamala Harris steet hei virun engem rosa-gréngen Hannergrond, an engem méi labbere Blazer mat Converse-Turnschong. Also ee bësse manner presidiaalt Bild vun der Vizepresidentin.

U sech wier d'Harris-Team och dovunner ausgaangen, dass déi méi serieux Foto op de Cover kënnt, dat wier anscheinend esou ofgemaach ginn. Deemno war d'Team erstaunt, wéi se de Cover duerno gesinn hunn.

Kuckt hei déi zwou Fotoen: