Wann ee Wettscholden huet, da muss een déi aléisen, op alle Fall maachen dat éierbar Leit, esou och den däitsche Sänger Pietro Lombardi.

De fréieren DSDS-Sänger Pietro Lombardi huet elo eng Glatz.

A wi sollt et anescht sinn, dat well hien eng Wett géint ee Kolleeg verluer huet.

Hien an ee Kolleeg hunn op Insta ee Livechat gemaach, an do hu si festgehalen, wann iwwer 7.000 Leit hinnen nokucken, da muss sech de Pietro de Kapp raséieren.

Dat krut och dem Pietro seng Ex-Frëndin Laura mat, an dat huet dunn och seng Abonnenten dozou opgeruff um Livestream deelzehuelen.

An zack waren et op eemol iwwer 7.000 User an de Pietro huet missen dru gleewen.

Hien ass een #Ehrenmann an huet seng Wettscholden ageléist a sech de Kapp raséiert. A soe mer mol sou: et gesäit speziell ass, mee guer net mol sou schlecht.