Wie Wendler-Merchandise kafe wëll, muss wuel op Second Hand zeréckgräifen - nei Wuer wäert et an Zukunft net méi ginn.

Nächste Réckschlag fir den ëmstriddene Schlagersänger Michael Wendler: No senger "KZ Däitschland"-Ausso verkeeft de concernéierte Bedreiwer vum Onlineshop keng Wendler-Produite méi.

Och dem Wendler seng Reklamm-Partner wëllen näischt méi mat him ze dinn hunn. Dobäi soll hien aktuell héich Scholden hunn. En plus wëll den däitschen RTL hien op iwwer 1 Millioun Euro Schuedenersaz verkloen.