Am Film huet d'Angelina Jolie schonn eng CIA-Spiounin gespillt. Ass dat etwa och am reelle Liewen esou?

D'Angelina Jolie soll eng Spiounin vun der CIA sinn – nee, net nees am Film, mee am reelle Liewen.

Dat soll op d'mannst eng geheim Quell der brittescher Zeitung "The Sun" erzielt hunn. D’Hollywood-Schauspillerin soll anscheinend an den 2000er als Agentin rekrutéiert gi sinn, a sech mat Cheffe vun der CIA a Vertrieder vum britteschen Mi6 getraff hunn.

War d’Jolie also net nëmmen als Spezial-Ambassadrice fir d’Flüchtlingshëllefswierk UNHCR am Noen Osten ënnerwee?  D’Geheimdéngschter hunn dës Gerüchter bis ewell, wéineg verwonnerlech, net kommentéiert.