Well den Hollywoodstar keng Mask unhat an och keng undoe wollt, huet hien eng Apdikt misse verloossen.

Och fir Stare gëllen d'Corona-Reegelen. Dat gëllt natierlech och fir de Bruce Willis.

Den Hollywood-Schauspiller war ouni Mask an enger Apdikt, a wollt anscheinend per tout och keng Mask undoen,

Nodeems aner Persounen am Buttek sech iwwert de Willis beschwéiert hunn, huet d'Personal hien opgefuerdert, eng Mask unzedoen. Hie wollt dat awer net, a gouf dohier gebieden de Buttek ze verloossen. Dat huet hien da wuel och  ouni ze protestéieren gemaach.

Vielleicht hëlt hien den Titel vu senger "Die Hard"-Filmreih e bëssen ze wiertlech...