D'Kardashians hunn sech bei der Opzeechnung vun der finaler Folge vu "Keeping up with the Kardashians" besonnesch spendabel gewisen.

De leschte Freideg gouf déi lescht Folge vu „Keeping up with the Kardashians” gedréint, an do huet sech de Kardashian-Jenner-Clan extrem spendabel géintiwwer hirer Teléscrew gewisen.

Et kann een deemno vun der Famill halen, wat ee wëll. Knéckegkeet kann een hinnen awer net virgeheien, an dat hunn si lo nach eng Kéier bewisen. Nodeems  déi lescht Folge gedréint gouf, kruten d’Crew-Memberen als Abschidskaddo am ganzen 30 Rolex-Aueren am Gesamtwäert vun 250.000 Euro geschenkt.