An engem Interview huet d'Actrice elo erzielt, wéi hatt op enger Afrika-Rees war an entfouert gouf.

Déi australesch Schauspillerin Rebel Wilson huet an engem Interview géintiwwer „Sky one“ erzielt, dass hatt op enger Afrika-Rees mat enger Waff menacéiert, a souguer entfouert gouf.

Geschitt ass dat am Mosambik. Hatt a seng Kolleege ware mat engem Transporter ënnerwee, wéi si vun engem anere Camion mat arméierte Männer ugehalen a matgeholl goufen. Si hunn d’Schauspillerin an di Aner méi wäit an een Haus bruecht, wou si d’Nuecht och verbruecht hunn.

Den Dag drop goufen si nees bei hiren Transporter gefuer a fräigelooss. Mee wisou si entfouert, an duerno nees fräigelooss goufen, dat huet d’Schauspillerin bis haut net verstanen. Hatt geet dovunner aus, dass si mam Transporter wuel illegal Saachen transportéiere wollten.