De Schauspiller huet ee Grond sech ze freeën. De kriibskranken Jeff Bridges huet erzielt dass seng Tumeur drastesch méi kleng ginn ass.

Gutt Noriichte ginn et vum Schauspiller Jeff Bridges. Den 71-Järegen huet op senger Websäit verroden, dass seng Tumeur méi kleng gi wier.

D'Lescht Joer gouf beim "Big Lebowski"-Star ee Lymphom diagnostizéiert, de Moment léisst hien sech géint d'Kriibserkrankung behandelen.

Hien hätt eng Computertomographie gemaach, fir ze kucken, ob seng Behandlung d'Tumeur méi kleng mécht. An jo, et huet geklappt, erzielt de Bridges.