© Screenshot Youtube https://www.youtube.com/user/RTLIchBinEinStar
Wéi wäert d'Corona-Editioun vum däitschen Dschungelcamp ausgesinn? RTL huet elo e puer weider Detailer ginn.
Dat gëtt net einfach, dëse Freideg start den däitschen Dschungelcamp "Ich bin ein Star, holt mich hier raus", bei deem 12 "Promien" ëm een Ticket an de richtegen Dschungelcamp 2022 kämpfe wäerten. Wéi genee d'Sendung oflafe wäert, ass nach net bekannt.
Wat RTL awer scho veroden huet, ass dass d'Kandidaten an 3er-Gruppen opgedeelt ginn an noeneen an déi nei Live-Show kommen. Amplaz op Prittschen beim Lagerfeier wäerten d'Kandidaten dëst Joer op enkstem Raum schlofen.
Jeeweils 3 Kandidaten an engem Grupp liewe fir 3 Deeg an engem 18 Quadratmeter 'groussen' Haus. Dat ass sou grouss wéi d'Fläch vun engem Fussballsgoal. Et gëtt een Duebelbett, eng Hängematt, eng kleng Kichen, eng Schleis duerch déi d'Bewunner hiert d'Iesse kréien, wéi och eng Toilett an eng Dusch.
Vu Privatsphär dierft keng Ried sinn well alles nëmmen duerch eng Rideau getrennt ass. Nieft dem Mini-Häischen hunn d'Bewunner nach ee klenge Fëmmberäich mat "Tiny Telefon".