Ëmmer nees gouf d'Kim elo ouni Bräitcherank gesinn, huet de Reality-Star etwa schonn een Neien?

Kaum maache presuméiert Scheedungspläng vum Kim Kardashian Schlagzeilen, da gëtt et och scho Spekulatiounen iwwert ee méiglecht neit Libesgléck. Anscheinend hätt d'Kim schonn een neie Mann u senger Säit.

Géintiwwer der "InTouch" soll anscheinend ee Vertrauten aus dem Kim sengem Ëmfeld erzielt hunn, dass hatt elo de Van Jones date soll. Den 52-Järegen ass Affekot a schafft als politeschen Analyst a Kommentator fir CNN.

RTL

© Jon Kopaloff / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

De Van huet am November 2020 Schlagzeile gemaach, wéi hie bei der Victoire vum Joe Biden bei der US-Presidentschaftswal op der Live-Telé aus Erliichterung ugefaangen huet mat kräischen. Hien an d'Kim goufe schonn e puer mol op rouden Teppecher gesinn.

Offiziell hunn déi Zwee näischt mateneen, vläicht bleift et och nëmme bei engem Gerücht, wie weess.