© Frazer Harrison / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Rapper soll senger Fra eng Waff un de Kapp gehalen, a si geschloen hunn.
Den Dr. Dre a seng Fra Nicole loossen sech scheeden a stieche grad voll am Scheedungskrich. Dem Dr. Dre seng Fra fuerdert vun him 1,6 Milliounen Euro pro Mount Ënnerhalt.
Elo ginn et dann nei Ablécker am Scheedungsprozess, deemno erhieft d'Nicole schwéier Virwërf géint den Dr. Dre.
Dem Magasinn "People" no geet et ëm Mëssbrauchsvirwërf. De Rapper soll senger Fra eng Waff un de Kapp gehalen, a si geschloen hunn. Virun e puer Joer, wou hatt sech aus Angscht virun him verstoppt huet, soll de Museksproduzent anscheinend eng Dier futti gemaach hunn. Dem Nicole no hätt de Rapper him seng Perséinlechkeet verbal an emotional esou wäit geschwächt, dass hatt haut u posttraumatesche Belaaschtungsstéiere leit.
Aktuell wäert sech de Rapper zu de Virwërf net sou liicht äussere kënnen, hie läit jo mat engem Gehier-Aneurysma am Spidol.